Sunday, September 23, 2018

Lëtzebuerger Walen 2018

Fir eng glorräich Zukunft, oder alles beim Alen? Photo: Carib 















Lëtzebuerger Walen 2018:

So, Ech hat Dech 2013 dach gewielt! Erënners De Dech, hei ass däin Kontrakt vun deemools wéi’ s De 2013 gesot hues, Du wéils fir mech schaffen. Et steet am Péckvillchen vun deemools. Egal als Minister, Majoritéit an Oppositioun. Wat hues De opzeweisen?

Maach elo schéin een an den Rand, do wou’ s De mengs Du häss eppes erreecht! Du kanns Der dann virstellen wéi zefridden Ech mat Dir sinn.




Mäin Walprogramm 2013




Wann de Péckvillchen ophält mat reimen, dann kënnt een un d' Keimen.



Virun den "Neiwalen" wollt Ech eemol hei d' Rollen vum Kandidat an Wieler kloer stellen: t' brauch keen mir soen ze kommen, "Ech sinn Kandidat, an hei ass mäin Programm, stëmm fir mech ". Et ass grad ëmgekéiert. Ech soen Dir, Kandidat, wat Ech, den Wieler gären hätt, an wann' s De dat nit kanns oder wëlls, kriss Du meng Stëmm nit.



Ech, den Wieler sinn dien, dien Dech engagéiert fir an mäin Service als mäin Deputéierten ze trieden. Wann Ech Dech wielen, bass Du gebieden dat ze maachen wat Ech gären hätt. Keen Cadeau, just gutt Aarbecht. Duerfir soen Ech Der hei wat Deng Aarbecht ass.



Vergiess jo nie dat Ech dien sinn dien Dir déi Aarbecht gëtt. A wann' s De iren solls Minister an der neier Regierung ginn, verstéi dat Minister vum Latein kënnt, an wëll Dénger oder Serviteur soen. Du bass nit mäin Patron. Ech sinn Däin Patron. Du bass just mäin Vertrieder. Ech ginn Der een Déngscht Grad, eng (gutt) Pei an d' Autoritéit fir Deng Aarbecht ze maachen. Fir dass eist Verhältnis kloer ass, duzen Ech Dech och. Domat sinn mer dann sécher dass De verstees dass De nit op engem Piedestal stees, mee dat mir gläich sinn, absolut gläich. Ech soen Der all Respekt, wann Däin Zweck ass dem Land ze déngen, an manner esou wann' s De just no Pouvoir glëschts. Vergiess dat nit wann d' Iwwerhieflechkeet  no Denger Wal mat Dir duerch soll goen. An verstéi och dass Ech, de Wieler, Dir oppassen an dass Du mir Rechenschaft schëlleg bass.



Wann' s Du gären meng Stëmm häss, muss Du wëssen dass Ech fir unzefänken keng Persoun, Starlettchen oder Célébritéit wielen. Nee, Ech stëmmen fir Iddien. Hei sinn meng Iddien, dat mécht Dir et méi einfach mech mat deenen z' iwwerzeegen.



1. Ech ginn Der zwee Joer fir eng nei Constitutioun ze schafen  



O, keen Gewurschtels ëm déi al Constitutioun. Och nit dat Getechtelmechtels ëm dien neien Projet dien iergendwou zënter Joeren  mautscht, an dien bis elo ee schlammen Kompromëss zwëschen blannen Apparatchiken ass. Nee, organiséier Diskussiouns Versammlungen op den Gemengen duerch d' Land an lauschter op d' Leit déi eppes zum Text wëllen bäidroen. Dann maachen mer een Referendum wou all Kapitelen eenzel sollen acceptéiert ginn. Fir d' Mooss, déi al Constitutioun huet zwielef Kapitelen. Wann een Kapitel duerchfält, gëtt deem Rechnung gedroen an et gëtt een zweeten Referendum iwwert déi amendéiert Kapitelen. Dann huet d' souveränt Vollek tatsächlech gesot wéi mir wëllen zesummen liewen. No dem Aarmut and den Skandaler vun den zwee leschten Joeren, ass dat d' grouss Botz mat deeër een muss ufänken. Eng kredibel Constitutioun déi och respektéiert gëtt, zemol se och muss soen wéi Ech géint Dech kann Klo féieren wann' s De se mat Féiss trëppels, wéi dat elo d' Gewunnecht ass.





2. Eng zweet Prioritéit ass Transparenz hierzestellen



Ech muss jo op Dech oppassen, wann' s De gewielt gëss. Mir wëssen jo dass den Pouvoir korrupt mécht, wann keen nokuckt. Fir déi néideg Transparenz ze kréien, hei ass meng Lëscht vun Saachen déi ze maachen sinn, an Du solls Dech nit derlaanscht drécken fir dat an Musek ze setzen d.h. déi folgend Gesetzer an Reglementer endlech op den Dësch ze leeën:

  •  Mir waarden schonn 12 Joer op déi Lëtzebuergesch Versioun vun engem "Freedom of Information Act", also de Projet de Loi Bodry iwwert d' Recht Zougank ze hunn un der Regierung an der Administratioun hir Informatioun. Ech muss jo kënnen kucken wat' s De schaffs. An looss Noten huelen vun den Gespréicher déits De féiers, dann kanns De herno nit léien, oder Du gëss erwëscht.
  • Dann hätt Ech gären een Code de Déontologie, dien eppes daacht. Dann weess Du an Ech wéi' s Du Dech solls opféieren. Vergiess nit mat deem Unfug opzehalen wou Deng puer privilegiéiert Staatsbeamten sech an den privaten Verwaltungsréit verwinnen loossen. Dat ass offiziell Korruptioun.
  • Dat nächst ass endlech een Gesetz géint d' Korruptioun. Nit fir eppes ze soen, mee den Pouvoir mécht korrupt. Du muss also wëssen wéini dass De riskéiers an de Bing ze goen. Iwweregens hätt Ech gär dat et duer geet wann 1/3 vun der Chamber eng Enquêten Kommissioun stëmmt. Mir hunn jo gesinn dat soss alles ënnert den Teppech gestëmmt gëtt.
  • Et feelt och een Gesetz iwwert den Lobbying. Do sinn mer esou krank, dat d' Lobbyisten alt an verschiddenen Gremien an den Komiteeën sëtzen. Een Lobbyist muss een enregistréierten Beruff sinn, oder nëmmen konstituéiert Organisatiounen, wéi Gewerkschaften, Associatiounen, asw.
  • Ech weess et ass heiansdo schwéier fir dat Richtegt ze maachen. Eisen Nach-Premier sot emol, hien wiisst genau wat hien misst maachen fir d' Problemer ze léisen, mee wéi géif hien dann awer zréck gewielt? Dat ass Leadership! Ech mengen mer mussen deenen Leit d' Liewen méi liicht maachen an nëmmen zwee Mandater noeneen erlaben. Dann kann een wéinstens déi zweeten Kéier den Courage hunn eppes ze maachen. An d' Land léiert an engems dass keen indispensabel ass.
  • Datselwecht gëllt fir d' Kumuléieren vun Mandater. Wou solls De do Deng Aarbecht maachen?
  • Dann bleift och nach eis Justiz. Mir kënnen keen zouverléissegen Banken Zenter sinn mat enger Justiz déi nit fonctionnéiert wéi se soll. Joeren an Joeren Gedeessems fir een Jugement ze kréien ass schlëmm. Et ass eng Violatioun vun den Mënscherechter an ass virun allem schlechten Business fir Lëtzebuerg. D' Victimen (auslännescher virun allem) vun der BCCI, vum Madoff an Kaupthing kéinten ee Lidd sangen, mam Enrico Macias virop. Bal 30 Joer Bommeleeër Affaire ass jo nawell een gutt Beispill fir sech virzestellen  wat d' Ausland iwwert eis Justiz denkt: elo sinn alt erëm 8 Wochen Vakanz, an d' Gericht, d' Affekoten and déi Ugekloten sinn op der Plage oder am Schwarzwald.
  • Zu gudder Läscht bleift den Problem vun der Representativitéit vun eisem Parlament. Do sinn bal nëmmen Affekoten an Staatsbeamten, all mat hirer aler Carrière als Garantie. Déi representéieren sech virun allem selwer. Déi aner Lëtzebuerger kënnen wéinstens fir déi stëmmen. Mee d' Auslänner déi zu Lëtzebuerg wunnen, schaffen, an Steieren bezuelen hunn näischt ze radetten. "Taxation without representation" géingen d' Amerikaner soen .... Ech loossen mech do vun Dir iwwerraschen, genau wéi bei Froen wéi der Séparatioun vun Staat an Kierch, oder wéi weit mer den Kapp hin halen zu Bréissel.  

Dat ass déi grouss Botz. Doniewent bleift déi dagdeeglech Aarbecht, virop bal 20.000 Chômeuren. Dat quëtscht den Duerchschnëtts Lëtzebuerger, dien säin Geld mat haarder Aarbecht verdéngt, zwëschen zwee ëmmer méi grouss Lächer, déi mat sengen Suen mussen gestoppt ginn: op der enger Säit fir déi ouni Aarbecht ze ënnerstëtzen, op deeër aner Säit fir déi futsch Banken ze retten. Dat packen mer nit éiweg. Do hues De elo Spillraum genuch fir ze weisen wat' s De kanns, an ze maachen wat een muss maachen, zemol wann' s De Däint zweet Mandat hues: Du kanns jo dann souwisou nit méi erëm gewielt ginn! 



Bonne Chance fir den 20ten Oktober. Mat mir verdierfs D' et awer wann' s De am Walkampf mat Dreck geheis, Ligen erziels an virun allem nit méchs wéi Ech, den Wieler, Der elo grad erkläert hunn.